Powered by RND
PodcastsLoisirsMinett Mash-Up: De Podcast

Minett Mash-Up: De Podcast

Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR
Minett Mash-Up: De Podcast
Dernier épisode

Épisodes disponibles

5 sur 37
  • Episod 37: Michel Wolter & Yves Cruchten X Museksschoul Käerjeng
    Kontaktéiert eisAn dësem Episod vum Minett Mash-Up begéine mir zwee weidere Gemengepolitiker aus enger vun der Gemenge vum Lëtzebuerger Biosphärereservat. Dës Kéier si mer an der Gemeng Käerjeng an ënnerhalen eis mam Michel Wolter a mam Yves Cruchten. En dësem Episod vum Minetter Wanderpodcast geet et mat den zwee Politiker ëm hir Erfarungen an der nationaler a lokaler Politik, d'Industriekultur vun hirer Gemeng, e méigleche Béiermusée an d'Erausfuerderunge vun der Zukunft.Location vum Mount: Käerjenger MuseksschoulD'Käerjenger Gemeng ass mat 34 km² déi gréisste Gemeng vun der Minett Biosphere. Als eenzeg Gemeng aus dem Kanton Capellen déi zur Biosphär gehéiert, huet se eng besonnesch Positioun.Am Moment ass d'Gemeng an engem Provisorium ënnerbruecht, well d'Gemeng en neit Gemengenhaus kritt, wat dat aalt aus den 1960er Joren ersetze wäert, sinn d’Bureau op déi al Spillschoul, d’Gemengenatelieren an d’Käerjenger Museksschoul verdeelt ginn. Dat nei Gebai ass awer e Sujet, well et dat éischt Gebai vun enger ëffentlecher Verwaltung zu Lëtzebuerg soll sinn, wat komplett ouni externen Heizsystem funktionéiere soll.Eis Gäscht: Michel Wolter & Yves CruchtenDe Michel Wolter, fréiere Minister, laangjärege Parlamentarier a säit 15 Joer Buergermeeschter vu Käerjeng, ass mat sengen iwwer 40 Joren Erfarung en alen Hues an der Politik, deen awer nach ëmmer Spaass u sengen Aufgaben huet a speziell u sengem Job als Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Käerjeng, déi aus de Gemengen Nidderkäerjeng a Kënzeg ervirgaang ass.Den Yves Cruchten ass zënter de leschte Gemengewale Schäffen zu Käerjeng a Member am Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD, dee fir d’Gestioun vun der Minett Biosphere zoustänneg ass. Hien ass Deputéierten an der Chamber an aktive Member vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot zu Stroossbuerg.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram
    --------  
    40:55
  • Episod 36: Christian Weis X Esch-Uelzecht
    Kontaktéiert eisAm 36. Episod vun eisem Minett Mash-Up begéine mir dem Christian Weis an der historescher Brillschoul zu Esch-Uelzecht. Dëst Gespréich bréngt spannend Abléck an d'Zukunft vun Esch an d'Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Den Episod weist Esch als eng Stad am Wandel, déi hir industriell Vergaangenheet mat enger innovativer Zukunft verbënnt.Eis „Minett-Location“ vum Mount: D'BrillschoulD'Brillschoul ass e Monument vun der Escher Bildungsgeschicht. 1911 opgemaach, steet dëst imposant Gebai als Symbol fir d'Entwécklung vun der Stad Esch. Mat senger charakteristescher Architektur aus der Belle Époque ass d'Brillschoul net nëmmen dat eelst a gréisst Primärschoulgebai vun Esch, mee och e wichtegt Zäitzeie vun der lokaler Geschicht.D'Schoul läit zentral tëschent dem Resistenzmusée, dem Theater an dem Ariston, direkt bei der Uelzechtstrooss am Häerz vum Quartier Brill. Iwwer Generatioune goufen hei Kanner aus alle soziale Schichten ausgebilt, wat d'Schoul fir vill Escher zu engem Symbol vun hirer Stad mécht.Haut ass d'Brillschoul nach ëmmer e liewegen Deel vum Escher Bildungssystem. D'Gebai gouf iwwer d'Jore moderniséiert, awer den historesche Charakter gouf erhalen. D'Kombinatioun vun Traditioun an Innovatioun mécht d'Brillschoul zu enger idealer Plaz fir iwwer d'Zukunft vun Esch an eiser ganzer Regioun ze schwätzen.Eise Gaascht: Christian WeisDe Christian Weis representéiert eng nei Generatioun vu Politiker am Süde vum Land. Als Buergermeeschter vun Esch an als President vum Gemengesyndikat PRO-SUD kombinéiert hien zwou wichteg Funktiounen.Als fréiere Schäffen a säit annerhallwem Joer Buergermeeschter vun der zweetgréisster Stad am Land, bréngt hien eng kloer Visioun fir d'Zukunft vun Esch mat. Trotz sengem jonken Alter huet hien sech schonn en Numm gemaach, och an der nationaler Politik.An eisem Gespréich goung et awer net just ëm seng politesch Aarbecht, mee mir hunn och eng iwwert eng méi perséinlech Säit mam Christian Weis geschwat: seng Passioun fir d'Baken an d'Pâtisserie. Als President vum PRO-SUD ass hien och eng Schlësselfigur an der Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Ënner senger Leedung gëtt probéiert, den industriellt Ierwe vun der Regioun mat enger nohalteger Zukunft ze verbannen.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram
    --------  
    55:50
  • Episod 35: Dan Biancalana X Diddeleng
    Kontaktéiert eisDës Kéier féiert eis de Podcast "Minett Mash-Up" an d'Stad Diddeleng, wou mer en interessanten Austausch mam Député-Maire Dan Biancalana haten. Hien huet eis als Comitésmember vum Syndicat PRO-SUD empfaangen an zesumme mat eisem Gaascht si mir op eng Entdeckungsrees duerch dës dynamesch Südgemeng gaangen.Eis „Minett-Location“ vum Mount: Mémorial Porte d'ItalieEise Rendez-vous war beim Mémorial „Porte d'Italie“, eng Skulptur vun der Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire aus dem Joer 2007. Dëst Monument steet als Symbol fir déi éischt italieenesch Aarbechter, déi Enn vum 19. Joerhonnert op Diddeleng komm sinn, fir an der Eisenindustrie ze schaffen.D'Plaz läit um Hiwwel vum Quartier Italien, iwwer der Stad Diddeleng, a bitt e wonnerschéinen Ausbléck op déi fréier Diddelenger Schmelz, de Floater, den CNA an eriwwer op de Ginzebierg, mam Sendemast vun RTL.Eise Gaascht: Dan BiancalanaDen Dan Biancalana, dee selwer italieenesch Wuerzelen huet, ass zënter iwwer 10 Joer Buergermeeschter vun Diddeleng. Als Deputéierten an der Chamber a Co-Präsident vun der LSAP ass hien e wichtege politeschen Acteur am Land.An eisem Gespréich hu mer mat him iwwert déi rezent Erneierung vum Diddelenger Duerfkär, iwwert den zukünftege Quartier „Neischmelz“ an "Sustainable Urban Mobility Plan" geschwat. Weider Sujete war den nationale Konschtarchiv, deen zu Diddeleng geplangt ass, d’Natur- an Noerhuelungsgebidder ronderëm Diddeleng an déi sëlleg Bongerten, déi an der Stad un der franséischer Grenz am urbane Raum gëtt.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram
    --------  
    40:32
  • Episode 34: Guy Altmeisch & Erny Muller X Déifferdeng
    Kontaktéiert eisFir eise Februar-Podcast maache mer Statioun an der Gemeng Déifferdeng. Déifferdeng ass no Esch-Ulzecht déi zweetgréisst Gemeng vum Syndicat PRO-SUD a stellt zënter de Gemengewale vun 2023 de Vize-President vum Gemengesyndikat, dee fir d’Verwaltung vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat zoustänneg ass.Déifferdeng, eng Stad, déi nach ëmmer eng aktiv Schmelz huet, huet, nieft zwou vun de sechs Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere, e groussen Industriepatrimoine opweises an ass Member vun europäesche Programm vun den „Net Zero Cities“, iwwert dee mer och an dësem Episod vum Minett Mash-Up schwätzen.Eis „Minett-Location“ vum Mount: D’Kabaischen zu LasauvageEe vun den éischte Projeten, déi nach wärend der Kandidatur vum Lëtzebuerger Süden, fir UNESCO-Biosphär ze ginn, lancéiert gouf, war de Projet vum Minett Trail a senge Kabaisercher. Mat der Kreatioun vum Biosphärereservat ass en 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Südgemengen entstanen an all Gemeng huet ee Gîte, genannt Kabaischen, amenagéiert, fir esou den nohaltegen Tourismus am Minett unzekuerbelen.Fir den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up si mer zu Lasauvage an de Gîte gaangen. Dëst ass en aalt Haus an deem fréier Mineure gewunnt hunn a wat zu enger Lodge mat 7 Schlofplazen ëmgebaut ginn ass. Besonnesch spektakulär sinn déi zwou Fresken, déi am Kader vun der Transformatioun vun deem alen Haus realiséiert goufen. Eng Fresk weist d’Legend vun der „wëller Fra“, no där d’Duerf Lasauvage benannt ginn ass, an déi aner d’Liewen am Duerf, wat iwwer 100 Joer laang ee vun den Zentre vum Lëtzebuerger Biergbau war.Eis Gäscht: Guy Altmeisch & Erny MullerFir déi zweet Visit bei de Politiker aus den 11 Gemenge vun der Minett Biosphär hate mer mat Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch a mam PRO-SUD Vizepresident Erny Muller op en Neits zwee Gäscht. De Guy Altmeisch ass zënter dem Hierscht 2023 Buergermeeschter vun Déifferdeng. Mam fréiere Polizistin hu mer iwwert säi Wee an d’Politik an d’Gemeinsamkeeten tëscht der Aarbecht als Gemengepapp an als Polizist geschwat. E weidere Sujet am Gespréich mam Déifferdenger Buergermeeschter war säi jorelaangen Engagement an der Nowuessaarbecht vum gréisste Fussballsveräin aus senger Gemeng.Mam Erny Muller hu mer iwwert seng iwwer 25 Joer als Lokalpolitiker geschwat. Aner Sujete waren d‘“Net Zero Cities“, seng Aarbecht als Elektroingenieur an der Déifferdenger Schmelz an d’Konzept vum Quartierspark, wat him besonnesch um Häerz läit. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram
    --------  
    50:57
  • Episode 33: Laurent Zeimet & Jean Marie Jans X Bettembourg
    Kontaktéiert eis2025 geet den Tuer duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere virun. An dësem Jer begéine mer deenen 11 Buergermeeschteren an de Vertrieder vun all de PRO-SUD-Gemengen am Comité vun eisem Gemengesyndikat, fir mat hinnen iwwert hir Gemeng, hiert industriellt Ierwen, hiren natierleche Patrimoine a villes méi ze schwätzen.An enger neier Rubrik teste mir dëst ganzt Joer och wéi accessibel déi eenzel Plazen, déi eis Gäscht sech erausgesicht hunn, fir de Podcast opzehuelen, mam ëffentlechen Transport sinn.Den Optakt vun eiser Rees queesch duerch d’Minett UNESCO Biosphere ass zu Beetebuerg.Eis „Minett-Location“ vum Mount: D‘CollartsschlassFir d’Opnam vum 1. Podcast vun der neier Saison hate mer Rendez-vous am fréiere Bureau vum Eugène Collart, engem Entrepreneur an Industriellen, deem senger Famill d’Schlass, wat 1733 gebaut gouf, zënter 1807 gehéiert hat.1971 ass d’Schlass vun der Famill Collart un d’Gemeng Beetebuerg verkaf ginn, déi, no gréisseren Ëmbauaarbechten, zënter den 1990er hei hir Administratioun ënnerbruecht huet.Eis Gäscht: Laurent Zeimet a Jean Marie JansFir den éischten Episod vum Minett Mash-Up an dësem Joer hate mer direkt zwee Gäscht. De Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet an de Schäffen a PRO-SUD-Comitésmember Jean Marie Jans.Mam Laurent Zeimet hu mer iwwert säi Wee an d’Politik, seng berufflech Erfarungen am Journalismus an den Challenge geschwat, wéi een als Député-Maire Politik a Famill ënnert een Hutt ka kréien.De Jean Marie Jans huet mat eis iwwert d’Mobilitéitskonzept vu Beetebuerg geschwat, hien huet eis verrode firwat hien als „richtege“ Beetebuerger zu Klierf op d’Welt komm ass an datt hien all Fréijoer mat Spannung op ee ganz speziellen Awunner vu senger Gemeng waart.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram
    --------  
    40:57

Plus de podcasts Loisirs

À propos de Minett Mash-Up: De Podcast

Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen. Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht). Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).
Site web du podcast

Écoutez Minett Mash-Up: De Podcast, Dans La Boîte à Gants ou d'autres podcasts du monde entier - avec l'app de radio.fr

Obtenez l’app radio.fr
 gratuite

  • Ajout de radios et podcasts en favoris
  • Diffusion via Wi-Fi ou Bluetooth
  • Carplay & Android Auto compatibles
  • Et encore plus de fonctionnalités
Applications
Réseaux sociaux
v7.18.5 | © 2007-2025 radio.de GmbH
Generated: 6/16/2025 - 1:47:34 PM