206 épisodes
- Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
-
Transkript:
A: Hues du scho Pläng fir de Summer?
B: Jo, ech fuere mam Zuch an Italien.
A: Mam Zuch? Dat dauert dach éiweg!
B: Jo, du hues Recht, et dauert natierlech méi laang wéi ze fléien. Mee ech wollt dëse Summer méi nohalteg reesen.
A: Dat héiert een an der leschter Zäit méi oft. Wat heescht dat da genee fir dech, nohalteg ze reesen?
B: Fir mech ass et wichteg, d’Ëmwelt esou mann wéi méiglech ze belaaschten. Dofir probéieren ech, manner ze fléien a méi op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen.
A: Dat kléngt verstänneg. Mee heiansdo ass e Fluch vill méi bëlleg wéi en Zuchbilljee!
B: Leider ass dat wouer. Dat fannnen ech och e bësse paradox.
A: D’lescht Joer sinn ech fir 40 € a Spuenie geflunn. Fir dee sewlechte Präis wier ech emol net bis a Frankräich komm.
B: Dat ass e seriöe Problem. Vill Leit géife gär méi ëmweltbewosst reesen, wann et net esou deier wier.
A: Warscheinlech. Anerersäits verstinn ech och d’Leit, déi nëmmen eng Woch an d’Vakanz fueren a keng Loscht hunn, zwanzeg Stonnen am Zuch ze verléieren.
B: Jo, dat kann ech novollzéien. Zäit spillt natierlech och eng Roll.
A: Wéi bass du eigentlech op d’Iddi komm, nohalteg ze reesen?
B: Viru Kuerzem hunn ech en Dokumentarfilm iwwer de Klimawandel gekuckt. Duerno hunn ech ugefaang, iwwer mäin eege CO2-Emissiounen nozedenken.
A: An zanterhier flitts du guer net méi?
B: Dach, heiansdo schonn. Mee definitiv manner wéi virdrun. Ech versichen einfach, méi bewosst z’entscheeden, wéi ech reesen.
A: Dat fannen ech e gudden Usaz. Vill Leit mengen, et misst een direkt alles perfekt maachen.
B: Jo, an dat muss ee jo net. Kleng Verännerunge maachen heiansdo scho vill aus.
A: Wou waars du da fir d’lescht an der Vakanz.
B: An Éisterräich.
A: A wéi war et?
B: Ganz flott! Et muss een net ëmmer wäit reesen, fir eppes Spezielles z’erliewen. D’Landschaft war immens schéin, an d’Rees mam Zuch war vill méi entspaant wéi e Fluch.
A: Wierklech? Ech fannen et ustrengend, mam Zuch ze reesen. Et weess een ni, ob en Zuch Verspéidung huet, a wann ee Pech huet, verpasst ee säin Uschloss.
B: Jo, mee mam Fléien ass et net anescht. Wann emol e Streik ass, falen dacks vill Flich aus.
A: Dat stëmmt och alt nees. Wéi kriss du d’Zäit am Zuch dann ëm?
B: Et kënnt drop un. Ech liesen, lauschtere Musek a kucken d’Landschaft.
A: Kléngt relax.
B: Jo, ass et och. Ausserdeem ass mir och opgefall, datt vill Leit an der Vakanz souwisou ëmmer dat selwecht maachen. An dofir muss een net wäit fléien.
A: Wéi mengs de dat?
B: Ma, vill Leit fléie bis op dat anert Enn vun der Welt, a verbréngen dann awer de gréissten Deel vun hirer Vakanz an der Schwämm vum Hotel.
A: Haha, do hues de Recht. Dat ass wierklech oft esou.
B: Jo, an dofir muss een net onbedéngt zwielef Stonnen am Fliger sëtzen.
A: Ech mengen, fir vill Leit ass et eng Manéier, dem Alldag z’entkommen.
B: Jo, mee dat kann een awer och méi no vu sengem Doheem maachen.
A: Ech well awer trotzdeem eng Kéier a Japan fléien.
B: Ech och!
A: Do gëtt et awer schwéier, nohalteg ze reesen…
B: Net onbedéngt. Ech fannen, et kann een och wait reesen, wann een e bëssen oppasst.
A: Wéi mengs de dat?
B : Et muss ee jo net all Joer eng Fernrees maachen. Wann ee sech eemol am Liewen e speziellen Dram erfëllt, ass dat eng aner Saach.
A : Jo, dat kléngt fair.
B : An op der Plaz selwer kann een och ëmweltbewosst handelen, an deem een zum Beispill a lokal Restauranten iesse geet, den ëffentlechen Transport benotzt oder kleng Hoteller ënnerstëtzt.
A: Dat ass wouer. Ech mengen, hautdesdaags denken d’Leit e bësse méi iwwer d’Auswierkunge vun hirem Reesen no. Fënns de net?
B: Dach, deen Androck hunn ech och.
A: Vläicht ass et an e puer Joer jo ganz normal, mam Zuch ze fueren. A vläicht gëtt et dann och méi bëlleg.
B: Dat wier mäin Dram!
A: Da kanns du och méi oft an Italie goen.
B: Genee. An iergendwann packen ech et vläicht och bis op Sizilie mam Zuch! - Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun hirem Beruff als Informatikerin erzielt.
Vill Spass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''. - Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer d'Auwiel an d'Umellung vun enger Crèche schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''. - Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Donnerwiedere schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
Donnerwiederen uechter d’Land
A: Elo reent et schonn nees!
B: Jo, de Moment komme wierklech oft Schaueren erof. An de Noriichte melle se och nees Donnerwiedere fir den Owend.
A: Um wéi vill Auer?
B: Géint 20.00 Auer.
A: Ok, ech muss virdrun dann nach mam Hond eraus. Deen Aarme fäert d’Donnerwiederen enorm. En Dënschdeg war et krass. Ech hat Homeoffice an et huet jo e puer Mol den Dag gedonnert. Hien hat vill Angscht. Bei all Donner ass en opgestan an op eng aner Plaz gelaf. Hie konnt sech guer net berouegen. Et war wéi bei de Knupperten op Silvester...
B: Deen Aarmen. Ech muss soen, ech hunn esou Wiederen am Summer immens gär. Et ass zwar den Dag iwwer immens schmeier, mee wann et da sou richteg knuppt a wéi aus Eemere schëtt, da fannen ech dat immens gemittlech. Natierlech nëmmen, wann ech doheem sinn...
A: Ech haassen, wann et dompeg ass. Mir ass dann ëmmer schwindeleg. Ech verdroen d’Hëtzt an déi héich Fiichtegkeet an der Loft guer net gutt.
B: A, ok. Dat deet mer leed! En Dënschdeg war et och e bësse vill. De CGDIS hat vill Asätz uechter d’Land.
A: Jo, ech selwer hat Chance, mee a menger Noperschaft si vill Kelleren iwwerschwemmt ginn. Meng Nopere si staark betraff. Si hunn zënter Deeg Waasser am Keller.
B: O Nee! Bei menger Schwëster war et och schlëmm! A senger Strooss ass eng al Eech ëmgefall!
A: O mei! Ech hoffen, se ass net op en Haus oder op en Auto gefall! Ass ee blesséiert ginn?
B: Nee, et ass glécklecherweis kee blesséiert ginn. Se ass op d’Strooss gefall. Wéinst dem ville Reen war glécklecherweis keen dobaussen ënnerwee. D’Strooss ass allerdéngs nach ëmmer gespaart.
A: Ee Gléck ass kengem eppes Schlëmmes geschitt! Wéi geféierlech!
B: Jo, am ganze Land si vill Beem ëmgefall oder d’Äscht sinn ofgebrach an op d’Strooss oder och Autoe gefall.
A: Et sinn och vill an deelweis grouss Knëppelsteng gefall! Hues de d’Fotoe gesinn? Se ware sou grouss wéi Golfbäll oder esouguer Tennisbäll!
B: Jo! Ech hunn dat bei engem Kolleeg op Instagram gesinn! Hien huet elo lauter Téitschen am Auto. Mee léiwer dat wéi datt hie selwer vun engem Knëppelsteen getraff gouf... Aner Leit haten déi Chance net a koume mat Blessuren an d’Spidol.
A: Ma jo. Huet hie just Téitschen an der Karosserie oder och an der Glace?
B: Déi zwee. Hien ass bestëmmt net deen Eenzegen. D’Versécherungen an d’Autosgaragen hunn dëser Deeg och bestëmmt méi Aarbecht wéi soss.
A: Allerdéngs. Et gëtt och nach ëmmer vill Iwwerschwemmungen an de Stroossen. An de Peegel vun de Flëss ass och nach ze héich.
B: Jo, ech hunn d’Fotoe gesinn. Meng Tatta huet och Waasser am Haus, mee net am Keller. Bei hir ass d’Waasser duerch den Daach vum Haus gedrëpst. Hiren Daach ass ondicht a muss erneiert ginn.
A: Wéi nerveg! Dat gëtt eng deier! Bei mengen Elteren an der Gemeng ass de Stroum ausgefall. Et ass e Mast ëmgefall.
B: O! Ass dat scho gefléckt ginn?
A: Et soll anscheinend haut gefléckt ginn.
B: Gutt!
A: Den Trafick leit natierlech och bei deem Wieder. Et gëtt méi Accidenter op de Stroossen a wann d’Stroossen iwwerschwemmt sinn oder Beem an de Stroosse leien, da muss de ganze Verkéier ëmgeleet ginn. Et sinn och vill Zich ausgefall. Wat e Gedeessems!
B: Hoffentlech hält et geschwënn op mat reenen, da ka sech dat Ganzt emol berouegen. Et ass och all Dag esou däischter mat deenen donkelgroe Wolleken um Himmel. Ech hätt nees gäre Sonn a schéi sonneg Summerowenter dobaussen op enger Terrass...
A: Ech si kee Meteorolog, mee ech si mer sécher, datt dat geschwënn nees zeréckkënnt. D’Donnerwiederen am Summer sinn normal. D’Loft ass waarm a fiicht. Wann da kal Loft kënnt, dann entstinn déi staark Donnerwiederen. An heiansdo falen dann eeben och Knëppelsteng.
B: Ok. Dann drécke mer d’Daumen, datt et geschwë besser gëtt. - Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun sech fir eng Aarbecht am INLL informéiert.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Sech fir en Job am INLL mellen
A: Hallo, so du schaffs jo am INLL, gell?
B: Salut! Jo, genee, ech schaffe schonn zënter 6 Joer do. Firwat frees du?
A: Ech géif mech och gär do mellen, fir Däitsch z’enseignéieren. Ech weess awer net genee, wéi ech dat maache soll.
B: Hues du da scho gekuckt, ob se een am däitschen Departement sichen? Den INLL sicht heiansdo Leit fir verschidde Plazen. Net nëmmen Enseignanten, mee och an der Administratioun.
A: Nee, ech hunn nach net gekuckt, well ech net weess wou ech dat fannen. Ech weess just, dass déi puer Leit, déi ech kennen an déi do schaffen, immens zefridde sinn.
B: Jo, et ass jo och eng interessant Plaz a se ass och ganz ofwiesslungsräich. Also d’Aarbechtsannoncë fënnt ee meeschtens op hirem Site, also op www.inll.lu. Da muss du erofscrollen an da fënns de et ënner Eis lescht Neiegkeeten oder ganz ënne lénks, ënner der Rubrik Jobs. D’Plazen am Beräich Administratioun ginn awer och um Site www.govjobs.lu ausgeschriwwen.
A: A, gutt ze wëssen! An do muss een online kandidéieren oder muss ech dat per Post schécken?
B: Nee, du schécks eng digital Kandidatur op candidatures (at) inll.lu.
A: Waart, ech notéiere mir dat.... Ok, a wat muss ech do alles matschécken?
B: Et ass eigentlech änlech, wéi fir all anere Beruff. Du muss e CV, e Motivatiounsbréif a Kopië vun dengen Diplomer schécken.
A: Brauch een och e Sproochendiplom?
B: Dat hänkt dovun of. Heiansdo gëss de gefrot, wéi gutt s du aner Sproochen, wéi déi, déi s du enseignéiere wëlls, beherrschs.
A: A! Wéi eng Sprooche sinn da wichteg?
B: Déi wichtegst Sprooch ass Franséisch, déi muss du kënnen an déi aner Sprooche sinn natierlech e Plus.
A: A wat ass da wann ech zum Beispill kee Lëtzebuergesch kann?
B: Dat ass normalerweis net esou schlëmm.
A: Ok, ech verstinn. Mee ka jidderee Sproocheproff ginn?
B: Nee, natierlech net. Et brauch een normalerweis e Master an där Sprooch, déi een enseignéiere wëll an natierlech ass eng pädagogesch Ausbildung an Erfarung am Enseignement net vun Nodeel.
A: A, ok! Gëtt et dann och vill administrativ Plazen am INLL?
B: Jo, natierlech, ganz vill souguer. Et gëtt de Service des finances, de Bureau des cours, Bureau des examens, d’Ressource Humaines, de Service technique asw.
A: O, wow, ech hat wierklech keng Anung. Ech hunn eng Frëndin, dat en Job an der RH sicht. Ass d'Prozedur déi nämmlecht, wéi wann ee sech fir e Posten als Enseignant wëll mellen.
B: Dat muss een an der Deskriptioun, déi op GovJobs steet kucken. Normalerweis muss du e CV, e Motivatiounsbréif an Diplomer eraschécken. Ausser, dass de an der AdministratiounLëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätze muss.
A: Ok a muss de CV op Franséisch geschriwwe ginn?
B: Dat hänkt rëm dovun of, fir wat fir eng Aarbecht du dech bewerbs. Ech weess mol, dass de Motivatiounsbréif op där Sprooch, déi s du enseignéiere wëlls, muss sinn. Fir e Beruff an der Administratioun, soll en op enger vun eisen dräi administrativen Sprooche sinn.
A: Jo, dat kléngt logesch. A wat geschitt wann een op en Interview invitéiert gëtt?
B: Da soll ee gutt virbereet sinn.
A: Jo, vläicht kënne mir dat jo eng Kéier zesummen üben, falls ech fir en Entretien geruff ginn.
B: Ganz gär. Du kanns mir och eng Kéier däi CV an däi Motivatiounsbréif schécken, da kucken ech eng Kéier driwwer.
A: O, jo, dat wier mega fein! Merci fir deng Hëllef!
B: ‘t ass gär geschitt!
Plus de podcasts Apprentissage des langues
Podcasts tendance de Apprentissage des langues
À propos de Poterkëscht vum INLL
Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg.
All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
Site web du podcastÉcoutez Poterkëscht vum INLL, Learning English from the News ou d'autres podcasts du monde entier - avec l'app de radio.fr

Obtenez l’app radio.fr gratuite
- Ajout de radios et podcasts en favoris
- Diffusion via Wi-Fi ou Bluetooth
- Carplay & Android Auto compatibles
- Et encore plus de fonctionnalités
Obtenez l’app radio.fr gratuite
- Ajout de radios et podcasts en favoris
- Diffusion via Wi-Fi ou Bluetooth
- Carplay & Android Auto compatibles
- Et encore plus de fonctionnalités


Poterkëscht vum INLL
Scannez le code,
Téléchargez l’app,
Écoutez.
Téléchargez l’app,
Écoutez.























